Mëllerdaller Produzenten

  • Home
  • Mëllerdaller Produzenten

Mëllerdaller Produzenten Produzentinnen & Produzenten aus der Regioun Mëllerdall

D’Mëllerdaller Produzenten um Radio 100,7 - elo nolauschteren 📻
15/09/2026

D’Mëllerdaller Produzenten um Radio 100,7 - elo nolauschteren 📻

Am Kader vun engem LEADER-Projet entwéckelen d’Mëllerdaller Produzenten hire Veräin weider. Am Mëttelpunkt stinn d’Mënschen hannert de regionale Produiten, hir Zesummenaarbecht an d’Fro, wéi aus engem Netzwierk laangfristeg e Mehrwert fir d’Memberen an d’Regioun entsteet. Dobäi geet...

De Grill gëtt versuergt vun den Mëllerdaller Produzenten Mëllerdaller Produzenten Sonndeg 6. September vun 10:00 bis 18:...
04/09/2026

De Grill gëtt versuergt vun den Mëllerdaller Produzenten Mëllerdaller Produzenten

Sonndeg 6. September vun 10:00 bis 18:00 Auer : Stroossemaart Lëtzebuerger Produkter zu Miedernach beim Schoulcampus "Am Weier".

Bei der Ouverture ass d’Daaf vun enger Rous op de Numm “AERENZDALL LUCKY RED” mat Patrimoine Roses Luxembourg asbl
Mëttesgiessen vu 12:00-14:00 Auer op Bestellung um Tel 83 71 86 oder iwwert www.medernach.info:
* Fierkelshämmchen mat Sauermous an Gromperen (25,00 euro)
Et gëtt och e Grill vun de Mëllerdaller Produzenten, Fritten mat dem Club des Jeunes Aerenzdall, Eisekuchen vun den Eppelduerfer a genuch ze schmaachen op de Stänn.

14.30 Auer: Musikalesche Kader mam Duo Lisa a Rol
Als flotten Extra : Sprangschlass & Sand-Spill-Raum fir Kanner

Ee Rendez-vous, deen einfach an de Kalenner gehéiert: Stroossemaart Lëtzebuerger Produkter am 06.09.2026De Stroossemaart...
17/08/2026

Ee Rendez-vous, deen einfach an de Kalenner gehéiert: Stroossemaart Lëtzebuerger Produkter am 06.09.2026

De Stroossemaart zu Miedernach ass mëttlerweil e feste Rendez-vous fir eis. E ganzen Dag voller Lëtzebuerger Produiten, guddem Iessen an direktem Austausch mat de Produzenten.

Kucken, schmaachen, entdecken, akafen – a virun allem eng gutt Zäit hunn.

An dat Bescht: Och dëst Joer sinn erëm eng ganz Partie Mëllerdaller Produzente mat hire Produiten um Start: Biokéiserei Baltes, Fru, Liqueurs de Beaufort, Eppelpress, Opyos Beverages, Hunneg aus dem Mëllerdall, Ben Weber, Moulin Dieschbourg &
Distillerie Weber-Walch.

A fir de klengen a groussen Honger ass och gesuergt: D'Mëllerdaller Produzente stinn um Grill a suerge fir eppes Guddes z'iessen! 🔥

Also: Elo schonn de 6. September am Kalenner blockéieren – mir gesinn eis zu Miedernach! 🙂

Haut war et endlech esou wäit! 🧺De gléckleche Gewënner vun eisem Foire Agricole Gewënnspill huet haut säi Picknick am Më...
16/08/2026

Haut war et endlech esou wäit! 🧺

De gléckleche Gewënner vun eisem Foire Agricole Gewënnspill huet haut säi Picknick am Mëllerdall genoss. 🥂
Et gouf zesummen ugestouss, gutt giess an, dat Wichtegst, ganz vill schéi Momenter an Zäit matenee genoss.

Esou léisst sech de Mëllerdall schmaachen!

E flotte Weekend an der Regioun Mëllerdall!Dëse Weekend waren d’Mëllerdaller Produzenten op zwou Plazen an der Regioun ë...
20/07/2026

E flotte Weekend an der Regioun Mëllerdall!

Dëse Weekend waren d’Mëllerdaller Produzenten op zwou Plazen an der Regioun ënnerwee:

📍Op der Fielser Kiermes konnt Dir bei eisem Stand eng ganz Rei regional Spezialitéiten ze schmaachen an ze entdecken.

🏰 Um Schlass Beefort gouf am Kader vu Guideforoneday gekacht, ugestouss an e grous Stéck Geschicht erlieft. Eng flott Kombinatioun aus regionale Genoss an dem kulturelle Patrimoine vun eiser Regioun.

Esou Momenter weisen ëmmer erëm, wéi vill Qualitéit a Leidenschaft an der Regioun Mëllerdall stécht.

📅 A schonn den nächste Sonndeg geet et weider!
Kommt laanscht op de Stroossemaart zu Fiels a besicht eise Stand. Do kënnt Dir vill regional Produite schmaachen a entdecken. Mir freeën eis op Iech!

08/07/2026

Heiansdo soen d'Biller méi wéi dausend Wierder.

Schéi Begéinungen.
Regional Genoss.
Eng flott Ambiance.
A virun allem vill Häerzblutt.

Merci un all eis Visiteuren, Produzenten, Fräiwëlleger a Partner, déi d'FAE 2026 zu engem ganz besonneschen Event gemaach hunn.

Mir kucke mat Freed op dëse flotte Weekend zeréck a freeën eis schonn op dat nächst Joer!🙂

Merci villmools un d’LEADER Lëtzebuerg fir dës flott Zesummefaassung vun eisem éischte Bilan!Mir, d’Mëllerdaller Produze...
31/05/2026

Merci villmools un d’LEADER Lëtzebuerg fir dës flott Zesummefaassung vun eisem éischte Bilan!

Mir, d’Mëllerdaller Produzenten, sinn immens frou an dankbar, datt d’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen sech d’Zäit geholl huet, fir perséinlech op de Luushaff zu Schrondweiler ze kommen an sech iwwert eis Strategie, eis nei Kommunikatiounsaktiounen an eis Serviceofferen ze informéieren.

Hir Wierder motivéieren eis, eisen ageschloene Wee weiderzegoen: Motivatioun, gutt Produiten an een immensen Zesummenhalt – genee dat mécht eis Gemeinschaft aus.

E grousse Merci geet och un all déi Bedeelegt – un eis Memberen, eis Partner, de LEADER-Programm an un all déi, déi eis op dësem Wee begleeden an ënnerstëtzen.

Mir freeën eis op alles, wat nach kënnt, a mir setzen eis och weiderhi mat vill Engagement fir eis Regioun an hir Produiten an.

Är Mëllerdaller Produzenten

Net vergiessen: dëse Samschdeg ass Rousperter Wäifest! 🍷Regional Genoss a staark Produzente waarden op iech:FRU  · Maiso...
08/05/2026

Net vergiessen: dëse Samschdeg ass Rousperter Wäifest! 🍷

Regional Genoss a staark Produzente waarden op iech:
FRU · Maison Viticole Roeder · René Krippes · Ramborn Cider Haff a vill méi

Dobäi gëtt et och Musek! Kommt laanscht a genéisst e flotten Dag zu Rouspert! 😀

Wien schonn ëmmer mol Loscht hat, e Picknick an engem aussergewéinleche Kader zu Lëtzebuerg ze maachen an dobäi lokal Pr...
04/05/2026

Wien schonn ëmmer mol Loscht hat, e Picknick an engem aussergewéinleche Kader zu Lëtzebuerg ze maachen an dobäi lokal Produiten a regional Gedrénks ze genéissen, sollt sech dëst Event net entgoe loossen.

Mir freeën eis, dës flott Veranstaltung mat Produiten a Gedrénks vun eise Produzenten ze begleeden. :)

Mellt iech séier un a séchert iech är Plaz am Tudorspark! Genéisst eng entspaant Atmosphär a loosst iech vu gudde regionale Produiten a Gedrénks iwwerraschen – mir freeën eis op iech!

🇱🇺 Regionale Picknick am Tudorspark 🧺🤩 (🇬🇧 version below)

Dir wollt schonn ëmmer an engem exceptionelle Kader op enger besonnescher Plaz picknicken an dobäi regional Produiten genéissen⁉️

👉Am Kader vun de Mëllerdall Days ass dat méiglech! De ⏰ 7. Juni organiséiere mir ee regionale Picknick am Tudorspark zu Rouspert. Ab elo kann een sech ganz einfach online dofir umellen. Opgepasst: D’Plazen si limitéiert a mir recommandéieren eng séier Umeldung.

ℹ De Picknick ass de 7. Juni tëscht 10 a 14 Auer. Et huet een d’Wiel tëscht
✅ engem klassesche Picknick-Kuerf
✅ engem vegetaresche Picknick-Kuerf

👉 Hei de Link bei d’Umeldung, wou och eng detailléiert Oplëschtung vum Inhalt an de Präis ze fannen ass:

🇩🇪https://docs.google.com/forms/d/e/1FAIpQLSfRus2DlL2krBYjSSliWbtzyGgqRjdHr9g4lbVNvpzaZS3KzQ/viewform

🇫🇷
https://docs.google.com/forms/d/e/1FAIpQLSdYnbXUwcjMLm7VKoQMJ3F-8n12VwLg0rjmvZWhgvquDFzR2Q/viewform

🇬🇧https://docs.google.com/forms/d/e/1FAIpQLSeOjp57WFtC8FXKx0jVd8te5ITuUmkzkrY4_e884BUoCGXaQQ/viewform

Mir freeën eis iech op de Goût vun de Produiten aus eiser Regioun ze bréngen. ☺
-----
🇬🇧 Regional picnic in Rosport

You have always wanted to have a picnic in an exceptional setting and enjoy regional products⁉️

👉 During the Mëllerdall Days this will be possible! On the ⏰ 7 June we are organising a regional picnic at Tudor Parc in Rosport. From now on you can easily register online. Please note: the number of participants is limited, and we recommend that you register quickly.

ℹ The picnic will take place on 7 June between 10 am and 2 pm. You can choose between a classic picnic basket or a vegetarian picnic basket. Here is the link to the registration form where you will also find a detailed list of the contents and the price.

🇬🇧https://docs.google.com/forms/d/e/1FAIpQLSeOjp57WFtC8FXKx0jVd8te5ITuUmkzkrY4_e884BUoCGXaQQ/viewform

Mëllerdaller Produzenten | Commune de Rosport-Mompach | Musée Tudor

Address


Alerts

Be the first to know and let us send you an email when Mëllerdaller Produzenten posts news and promotions. Your email address will not be used for any other purpose, and you can unsubscribe at any time.

Shortcuts

  • Want your business to be the top-listed Shop?

Share