30/07/2026
Aarbechtsangebot – Verkeefer/Verkeeferin – CBD Shop – Stad Lëtzebuerg
40h/Woch
Iwwer eis
Eise CBD-Grow Shop, vun der Stad Lëtzebuerg, ass Deel vun engem jonken an dynameschen Team, dat mam Häerz dobäi ass wann et ëm natierlecht Wuelbefannen a qualitativ héichwäerteg Produkter geet. Fir eise Buttek weider auszebauen, sichen mir elo eng motivéiert Persoun, déi Loscht huet, mat eis ze wuessen.
Deng Aufgab
• Clienten empfänken a kompetent beroden
• Verkaaf vu Produkter an Ofschloss vun de Verkafstransaktiounen
• Stock- a Bestellungsgestioun
• Mataarbecht beim Akaaf a Produktwahl
• Kleng buchhalteresch an administrativ Aufgaben iwwerhuelen
• Organisatioun a presentabel Gestaltung vum Geschäft
• Aktiv bäidroen zur Weiderentwécklung an dem gudde Bild vun eiser Mark
Däin Profil
• Computer Kentnisser sinn e MUSS: Excel, Word, etc (Wordpress Kentnisser sinn e groussen Firdeel)
• Exzellent Sproochekenntnisser op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch (mëndlech a schrëftlech)
• All weider Sprooch ass e Virdeel
• Erfahrung am Verkaaf oder am Clienteservice ass e Plus, mee Motivatioun a Bereetschaft zielen nach méi
• Organisatiounstalent, Zouverlässegkeet an Teamgeescht
• Interesse un natierleche Produkter, Wuelbefannen an/oder CBD & Grow ass e Virdeel
Aarbechtskonditiounen
• Aarbechtszäiten: 40h/Woch
• Frëndlecht a motivéiert Aarbechtsëmfeld an engem jonken, dynameschen Team
• Intern Formatioun iwwer eis Produkter an de CBD-Bereich
• Attraktiv Pai jee no Erfarung a Kompetenzen
Wéi kanns du dech bewerben?
Schéck däin CV an eng Motivatiounsbréif op , [email protected] oder per whatsapp op den +352 661 808 770.