06/07/2026
LW vun haut. Dozou puer Umierkungen:
De Wäschbier ass eng invasiv Aart a gemäss EU Direktive Nr. 1143/2014 gehéiert en bekämpft. Déi deemoleg Responsabel vun ANF bzw. den Ministère (deemools déi Gréng) hunn ausser eng Brochure an eng task force, wéineg opweises.
Mat desem Laxismus gouf dem Wäschbier den Terrain iwwerlooss, Konsequenzen dovun gesinn mier haut.
Zwar gouf ab engem bestëmmte Moment Falen vun der ANF an Naturschutzgebidder opgestallt, mee dat wor eng Drëps op de waarme Steen. Déi effektiivst Method, fir géint den nuetsaktive Procyon lotor virzegoen ass Liewegfall. Fir elo ze mengen, dass een dem Problem net gewuess ass, do sollen déi Responsabel sech da selwer mat der Nues huelen!
Et ass iwwregens dem LWV ze verdanken, deen net labber gelooss huet, an Autoritéite mat deem onsënnegen a widderspréchleche Verbuet konfrontéiert huet, dass mëttlerweil Fallenjuegd op de Wäschbier, ënnert bestëmmte Konditiounen, fir de Jeeër gestatt gëtt.
Wann de Staat géif eng prime fir all erlueten Wäschbier géif ginn, wär Motivatioun fir mat ze maachen och méi grouss. Well Onkäschten, den Opwand an Aarbecht dréit alt erëm de Jeeër!
Oder aneschters gefrot: weivill ass Biodiversitéit den Autoritéiten tatsächlech wäert?