Modellbahn Manufaktur

đŸ‡±đŸ‡ș DĂ€in FachgeschĂ€ft fir Modelleisebunnen zu Miersch.
đŸ‡©đŸ‡Ș Dein FachgeschĂ€ft fĂŒr Modelleisenbahnen in Mersch.
đŸ‡«đŸ‡· Ton magasin spĂ©cialisĂ© pour le modĂ©lisme ferroviaire Ă  Mersch.

08/09/2026

🎬 Den Trailer ass do!
E klengen Virgeschmaach op mĂ€in neie Film iwwer d’Diesel-Classics 2026 am Fond-de-Gras. 🚂

Historesch Diesellokomotiven, Triebween, Damp a vill richteg EisebunnsatmosphĂ€r – opgeholl bei engem ganz besonneschen Dag am Fond-de-Gras.

đŸ“ș YouTube-PremiĂšre:
🗓 Freideg, den 11. September 2026
🕗 um 20:15 Auer

Haut gĂ«tt et schonn emol den Trailer als klenge Virgeschmaach. 😊

👉 D’Premiùre leeft op mengem YouTube-Kanal.

👉 De Link op mĂ€in YouTube-Kanal fannt dir an de Kommentaren.

E puer AndrĂ©ck vum Diesel-Classics am Fond-de-Gras 🚂📾Haut sinn ech emol just als Visiteur Ă«nnerwee a genĂ©issen de Sound ...
06/09/2026

E puer AndrĂ©ck vum Diesel-Classics am Fond-de-Gras 🚂📾

Haut sinn ech emol just als Visiteur Ă«nnerwee a genĂ©issen de Sound an d’AtmosphĂ€r vun den alen Diesellokomotiven. 😊

Hei schonn emol e puer Fotoe vum Dag – an et ass jo nach net eriwwer! 😊

🚂 Tag der offenen TĂŒr – 28. & 29. November 2026Och dĂ«st Joer invitĂ©ieren ech dech erĂ«m op mĂ€in Tag der offenen TĂŒr an de...
03/09/2026

🚂 Tag der offenen TĂŒr – 28. & 29. November 2026

Och dĂ«st Joer invitĂ©ieren ech dech erĂ«m op mĂ€in Tag der offenen TĂŒr an der Modellbahn Manufaktur zu Miersch.

Den 28. an 29. November 2026, jeweils vun 10:00 bis 18:00 Auer, hues du d’MĂ©iglechkeet, a Rou duerch mĂ€i Sortiment ze kucken, Neies ze entdecken an natierlech och dat eent oder anert interessant StĂ©ck ze fannen.

Et waarden op dech Neiheeten, speziell Offeren, SammlerstĂ©cker an Occasiounen ronderĂ«m d’Modelleisebunn.

An natierlech ass och ZĂ€it fir e gudde GesprĂ©ich iwwer eist gemeinsamt Hobby – egal ob s du schonn zanter Joren dobĂ€i bass oder einfach emol wĂ«lls kucke kommen.

📅 Samschdeg, 28. November 2026
📅 Sonndeg, 29. November 2026
🕙 10:00 – 18:00 Auer
📍 Modellbahn Manufaktur – Miersch
đŸŽŸïž EntrĂ©e frĂ€i

Ech freeĂ« mech, dech am November bei mir begrĂ©issen ze kĂ«nnen. 🚂

đŸȘš Sou gesĂ€it MIFOSHAPE aus, Ă©ier d’Faarf an d’Detailer dobĂ€ikommen.Hei gesĂ€is du ganz gutt, wĂ©i d’Fielsstruktur schonn v...
28/08/2026

đŸȘš Sou gesĂ€it MIFOSHAPE aus, Ă©ier d’Faarf an d’Detailer dobĂ€ikommen.

Hei gesĂ€is du ganz gutt, wĂ©i d’Fielsstruktur schonn virum Bemolen wierkt. D’Formen, Schichten an OnreegelmĂ©issegkeeten entstinn direkt beim ModellĂ©ieren – an domat ass d’Basis fir eng realistesch Landschaft schonn geluecht.

Eréischt duerno kommen Faarf, Vegetatioun an déi kleng Detailer, déi dem Ganzen sÀi Charakter ginn.

đŸ‡±đŸ‡ș MIFOSHAPE ass exklusiv zu LĂ«tzebuerg bei mir an der Modellbahn Manufaktur zu Miersch ze krĂ©ien.

🌿 MIFOSHAPE – Landschaftsbau mat Struktur a CharakterEng realistesch Fielslandschaft lieft net nĂ«mme vun der Faarf, mee ...
27/08/2026

🌿 MIFOSHAPE – Landschaftsbau mat Struktur a Charakter

Eng realistesch Fielslandschaft lieft net nëmme vun der Faarf, mee virun allem vun de Formen, de Schichten an de klengen Onreegelméissegkeeten, déi een och an der Natur erëmfënnt.

Mat MIFOSHAPE Sculpting Powder kanns du Fielsen, BierghĂ€ng, Buedemstrukturen an individuell Landschaftsformen direkt op denger Anlag gestalten. D’Material lĂ©isst sech frĂ€i modellĂ©ieren a bitt vill MĂ©iglechkeeten, fir ganz eege Landschaften ze kreĂ©ieren.

Op der Foto gesĂ€is du, wĂ©i vill DĂ©ift a Struktur sech domat erreeche lĂ©isst – besonnesch a Kombinatioun mat Vegetatioun, Faarwen an enger detaillĂ©ierter Ausaarbechtung.

đŸ‡±đŸ‡ș MIFOSHAPE ass exklusiv zu LĂ«tzebuerg bei mir an der Modellbahn Manufaktur zu Miersch ze krĂ©ien.

Wann s du also selwer wëlls experimentéieren oder dÀi nÀchste Landschaftsprojet plangs, kanns du dech gÀr bei mir mellen.

👉 Kenns du MIFOSHAPE schonn oder hues du domat schonn eng Landschaft gebaut? Ech si gespaant op deng Erfahrungen a Fotoen.

🚂 Eng Lok, dĂ©i direkt an d’Ae fĂ€lt
DĂ«s schĂ©i SBB Re 4/4 II huet definitiv eppes – an dĂ©i Faarf steet hir einfach gutt. 🇹...
26/08/2026

🚂 Eng Lok, dĂ©i direkt an d’Ae fĂ€lt


DĂ«s schĂ©i SBB Re 4/4 II huet definitiv eppes – an dĂ©i Faarf steet hir einfach gutt. 🇹🇭

Mee elo géif mech deng Meenung interesséieren:

👉 WĂ©i eng SchwĂ€izer Lok ass dĂ€i Favorit?
Oder hues du souguer eng SBB-Lok an denger Sammlung?

Weis se roueg an de Kommentaren – ech si gespaant, wat bei dir doheem op de Schinne steet. 😊🚂

🎹 Muss eng Modellbunn Ă«mmer propper sinn?Ech fannen: net onbedĂ©ngt. 😄Grad kleng Spuere vu StĂ«bs, Rascht oder Dreck maach...
25/08/2026

🎹 Muss eng Modellbunn Ă«mmer propper sinn?

Ech fannen: net onbedĂ©ngt. 😄

Grad kleng Spuere vu Stëbs, Rascht oder Dreck maachen e Waggon, eng Lok oder e Gebai dacks eréischt richteg interessant. Et ass erstaunlech, wéi vill e puer kleng Faarfnuancen de Gesamtandrock Ànneren kënnen.

Fir esou Aarbechten benotzen ech gÀr Pigmentfaarwen. Ech hunn dofir och en eegent Set mat 12 verschiddene Pigmenter zesummegestallt, déi sech ënnerteneen mësche loossen an zum Beispill fir Waggonen, Gebaier, Gleiser oder Landschaft agesat kënne ginn.

Mee mech géif virun allem interesséieren:

👉 Alterst du deng Modeller selwer oder hues du se lĂ©iwer fabriknei?

A wann s du schonn eppes gealtert hues: Setz roueg eng Foto an d'Kommentaren. 📾
Ech si gespaant, wat s du aus dengen Modeller mĂ©chs. 🚂

Och an der Summerpaus 🌮 geet et weider – an et kommen natierlech och nei Saachen eran. 🚂📚Aktuell bei mir disponibel sinn...
23/08/2026

Och an der Summerpaus 🌮 geet et weider – an et kommen natierlech och nei Saachen eran. 🚂📚

Aktuell bei mir disponibel sinn déi nei Ausgaben vun:

Train Miniature Magazine Nr. 271 – 10,95 €
Journal du Chemin de Fer Nr. 272 – 12,85 €

Béid ZÀitschrëfte kanns du och ganz bequem online iwwer mÀi Shop bestellen.

Eng flott LektĂŒr fir all Eisebunns- a ModellbunnfrĂ«nd – egal ob fir d’Vakanz, fir doheem oder einfach fir nei Inspiratiounen. 😊

☀ Summerpaus ab dem 15. August ☀Vum 15. August un maachen ech meng Summerpaus. 😊📩 Online-Bestellunge ginn och wĂ€rend d...
14/08/2026

☀ Summerpaus ab dem 15. August ☀

Vum 15. August un maachen ech meng Summerpaus. 😊

📩 Online-Bestellunge ginn och wĂ€rend der Summerpaus verschĂ©ckt.
đŸ“± Ufroen iwwer WhatsApp an 📧 E-Mail ginn natierlech weiderhi sou sĂ©ier wĂ©i mĂ©iglech beĂ€ntwert.

Och Virbestellungen an aner Bestellunge kanns du mir ganz einfach per E-Mail oder WhatsApp schécken.

Ech wĂ«nschen iech schonn elo eng schĂ©i Summervakanz! â˜€ïžđŸš‚

đŸ‡ȘđŸ‡ș đŸ‡©đŸ‡Ș Kleine Info fĂŒr meine Kunden außerhalb LuxemburgsAb dem 12. August 2026 gelten neue Vorgaben der EU-Verpackungsver...
12/08/2026

đŸ‡ȘđŸ‡ș đŸ‡©đŸ‡Ș Kleine Info fĂŒr meine Kunden außerhalb Luxemburgs

Ab dem 12. August 2026 gelten neue Vorgaben der EU-Verpackungsverordnung (PPWR).

Wer Waren in ein anderes EU-Land verschickt, muss kĂŒnftig zusĂ€tzliche Vorgaben rund um Verpackung und Recycling erfĂŒllen – unter anderem muss in vielen FĂ€llen ein BevollmĂ€chtigter im jeweiligen Lieferland benannt werden.

Oder etwas einfacher gesagt:
📩 Ein Paket ĂŒber die Grenze zu schicken bleibt einfach.
📄 Das Drumherum wird leider etwas umfangreicher. 😉

Deshalb kann ich ĂŒber meinen Onlineshop zurzeit nur innerhalb Luxemburgs versenden.

Das soll aber keineswegs das letzte Wort sein – der Auslandsversand kommt bei mir nicht aufs Abstellgleis. 😉 Gemeinsam mit meinen Partnern fĂŒr die Verpackungslizenzierung arbeite ich bereits an praktikablen Lösungen.

Mein Ziel ist ganz klar: Schritt fĂŒr Schritt wieder Lieferungen in verschiedene LĂ€nder anbieten zu können. Welche LĂ€nder das sein werden und wann es soweit ist, kann ich heute noch nicht versprechen.

Sobald sich etwas tut, erfahrt ihr es natĂŒrlich hier. 😊

Danke fĂŒr euer VerstĂ€ndnis – und vielleicht findet ja auch die BĂŒrokratie irgendwann einen etwas kleineren Karton. 📩😉

Adresse

90, Rue Nic Welter
Mersch
7570

Téléphone

0035226322206

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Modellbahn Manufaktur publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message Ă  Modellbahn Manufaktur:

Raccourcis

Partager