Distillerie Weber-Walch

Distillerie Weber-Walch Uebstbrand aus 100% Bongertenuebst

Op der Sich no engem flotten an lokale Kado?Dann kommt haut bis op den Medernacher Stroosemaart an kukt Iech déi flott S...
06/09/2026

Op der Sich no engem flotten an lokale Kado?
Dann kommt haut bis op den Medernacher Stroosemaart an kukt Iech déi flott Stänn un an kommt och bei eis op de Stand.

Mir freeën eis op Iech ☀️

Sonndeg 6. September vun 10:00 bis 18:00 Auer : Stroossemaart Lëtzebuerger Produkter zu Miedernach beim Schoulcampus "Am...
08/08/2026

Sonndeg 6. September vun 10:00 bis 18:00 Auer : Stroossemaart Lëtzebuerger Produkter zu Miedernach beim Schoulcampus "Am Weier". Léiert eis Austeller kennen : Distillerie Weber-Walch vu Reisduerf mat Drëppen
Bei der Ouverture ass d’Daaf vun enger Rous op de Numm “AERENZDALL LUCKY RED” mat Patrimoine Roses Luxembourg asbl
Mëttesgiessen vu 12:00-14:00 Auer op Bestellung um Tel 83 71 86 oder iwwert www.medernach.info:
* Fierkelshämmchen mat Sauermous an Gromperen (25,00 euro)
Et gëtt och e Grill vun de Mëllerdaller Produzenten, Fritten mat dem Club des Jeunes Aerenzdall a genuch ze schmaachen op de Stänn.
14.30 Auer: Musikalesche Kader mam Duo Lisa a Rol
Als flotten Extra : Sprangschlass & Sand-Spill-Raum fir Kanner

Kommt laanscht a léiert Distillerie Weber-Walch kennen. Mir freeën eis ☀️
08/08/2026

Kommt laanscht a léiert Distillerie Weber-Walch kennen. Mir freeën eis ☀️

Sonndeg 6. September vun 10:00 bis 18:00 Auer : Stroossemaart Lëtzebuerger Produkter zu Miedernach beim Schoulcampus "Am Weier". Léiert eis Austeller kennen : Distillerie Weber-Walch vu Reisduerf mat Drëppen
Bei der Ouverture ass d’Daaf vun enger Rous op de Numm “AERENZDALL LUCKY RED” mat Patrimoine Roses Luxembourg asbl
Mëttesgiessen vu 12:00-14:00 Auer op Bestellung um Tel 83 71 86 oder iwwert www.medernach.info:
* Fierkelshämmchen mat Sauermous an Gromperen (25,00 euro)
Et gëtt och e Grill vun de Mëllerdaller Produzenten, Fritten mat dem Club des Jeunes Aerenzdall a genuch ze schmaachen op de Stänn.
14.30 Auer: Musikalesche Kader mam Duo Lisa a Rol
Als flotten Extra : Sprangschlass & Sand-Spill-Raum fir Kanner

Eise Miseler Trestbrand ass, ewéi op der Etikett scho vermierkt, aus 100% lëtzebuerger Drauwe vun eiser schéiner Musel. ...
20/07/2026

Eise Miseler Trestbrand ass, ewéi op der Etikett scho vermierkt, aus 100% lëtzebuerger Drauwe vun eiser schéiner Musel. Een Tresterbrand, besser bekannt als “Marc” oder och nach Grappa (an Italien & it. Schwäiz), gëtt aus de frëschen Iwwerreschter vun der Wäiproduktioun gemaach. Och wann d’Drauwe schonn ausgepresst goufen, enthalen d’Schuelen a virun Allem d’Fruuchtfleesch nach vill Aroma a Charakter, wat sech an engem intensiven Destillat erëmspigelt.

Genee, ewéi bei eisen Uebstbränn, verzichte mir och bei eisem Trester komplett op Ofronnungszocker, wat den onverkennbare Geschmaach vun eisem Produit ausmécht.

Dofir si mir och ganz houfreg Iech matdeelen ze kënnen, datt eise Miseler Tresterbrand zu Metz um Concours international des Eaux-de-vie eng “médaille d’or” krut.

Beléift bei engem grousse Public, eng Alternativ zu eise klasseschen Uebstbränn a fir just 24,50€ TVAC bei der Distillerie Weber-Walch ze kréien.

14/07/2026
Handwierk & Traditioun - dat ass eist VerspriechenSchonn an der 5ter Generatioun um selwechten Haff; zu Reisduerf direkt...
06/07/2026

Handwierk & Traditioun - dat ass eist Verspriechen

Schonn an der 5ter Generatioun um selwechten Haff; zu Reisduerf direkt un der wässer Arenz, stellt d'Distillerie Weber-Walch Destillater, oder och Drëppe genannt, hir.

No 40 Joer Stëllstand hu mir de Betrib erëm opgeholl mat enger neier Anlag an zwee vergréisserten a renovéierte Gebaier, déi alle modernen Uspréch gerecht ginn. Besonnesch houfreg si mir, well mir exklusiv Bongertenuebst verschaffen, wat gréisstendeels vun den eegene Beem kennt. D'Bongerte leien, ouni Ausnam, alleguerten an engem Emkrees vun 3km ëm den Haff am Duerfkär vu Reisduerf.

Mir produzéieren héichwäerteg Destillater a weider Produiten aus eisem Uebst aus den Däller a Koppe ronderëm d'Sauer, d'Arenz an d'Our.

Mat vill Passioun brenne mir virun allem zortereng Bränn, wat sech am eemolegen Aroma vun dëse gudden Drëpsen erëmspigelt.

Fir eng éischte Kéier fann dir eis Produiten op der Foire Agricole zu Ettelbréck 🍐🍎 och dem Anne's Kitchen hunn eis Drëp...
04/07/2026

Fir eng éischte Kéier fann dir eis Produiten op der Foire Agricole zu Ettelbréck 🍐🍎 och dem Anne's Kitchen hunn eis Drëppen geschmaacht. Merci den Mëllerdaller Produzenten fir d’Ënnerstëtzung.

NEELCHESBIER Ee Klassiker ënner de Bränn, dee sech bis haut a Lëtzebuerg grousser Beléiftheet erfreet. D’Beem mat hire b...
03/07/2026

NEELCHESBIER

Ee Klassiker ënner de Bränn, dee sech bis haut a Lëtzebuerg grousser Beléiftheet erfreet. D’Beem mat hire bis zu 15 Meter breede Krounen, déi reegelméisseg voll mat giel-bronge Bieren hänken, si mat hirem héijen Alter vu bis zu iwwer 300 Joer, Zäitzeie vun enger bal verlueren Kulturlandschaft, déi vu Bongerten mat Héichstammuebstbeem gepräägt war.

D’Neelchesbiere ginn all zwee Deeg opgeraf an uschléissend direkt agemaischt. Dësen zäitintensive Prozess, gepaart mam Entrappe vun de Stiller, mécht, datt d’Drëpp nach méi ee renge Goût kritt. Am Gomm ass d’Destillat elegant, markant an awer och mëll an harmonesch am Ofgang. Dëst ass einfach onverwiesselbar an iwwertrëfft am Aroma souguer d’Williams Christ.

Et ass ee Stéck lëtzebuerger Traditioun an der Fläsch! Disponibel fir 31,00€ TVAC bei der Distillerie Weber-Walch.

Adresse

15 Route De Larochette
Reisdorf
9391

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Distillerie Weber-Walch publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager