Ale Moart

Appeler Itinéraire Site Web Contacter l'entreprise

Ale Moart Inclusive Gift Shop and Food Lounge with home made sandwiches, ethical, fair and sustainable food and gifts.

📚☕ Dëse Samschden a Sonnden sinn eis Ekippen am Asaz op de Walfer Bicherdeeg!D’Equipe vu COOPERATIONS - Acteurs Socio-Cu...
16/11/2026

📚☕ Dëse Samschden a Sonnden sinn eis Ekippen am Asaz op de Walfer Bicherdeeg!

D’Equipe vu COOPERATIONS - Acteurs Socio-Culturels a ganz besonnesch d’Ekippe vum Kiischpelter Duerftreff, vum Eis Kichen - Restaurant Prabbeli an dem Ale Moart sinn sur place a këmmeren sech ëm d’Wuel vun de Gäscht. 💛

Dir fannt eis am Café Littéraire an och an der Kaffistuff, wou mir Iech mat Kaffi, Gedrénks a gudde Saache versuergen. ☕🥐✨

An dat Bescht: Dir musst dëse Weekend net bis an den Norden fueren, fir eis salzeg Croissanten oder eis Pain au chocolat ze kréien, mir kommen op Walfer! 😄🥐🍫

Wann Dir also op de Walfer Bicherdeeg sidd: kommt roueg laanscht, gräift Iech eppes Guddes a sot Moien! 😊

🌱❄️ Neies am Tiefkühl-Frigo am Ale Moart!Fir déi Deeg, wou et an der Kichen mol séier goe soll, hu mir elo och Bio-Geméi...
13/11/2026

🌱❄️ Neies am Tiefkühl-Frigo am Ale Moart!

Fir déi Deeg, wou et an der Kichen mol séier goe soll, hu mir elo och Bio-Geméis vu BioCool fir Iech do. 😊

🫛 Bio-Ierbessen
🌿 Bio-gréng Bounen

Praktesch fir ëmmer e bëssen Geméis doheem op Stock ze hunn – als Bäilag, fir an eng Zopp, eng Pan oder Äre ganz eegene Plat. 🍲🥗

Kommt laanscht am Ale Moart zu Wooltz a kuckt, wat et Neies bei eis gëtt! 🛒💚

COOPERATIONS

🥩🥩 Frëscht Fleesch ass nees do! 🥩🥩Gutt Noriichte fir all Fleeschfrënn! 😋Bei eis am Ale Moart kritt Dir nees frëscht Flee...
09/11/2026

🥩🥩 Frëscht Fleesch ass nees do! 🥩🥩

Gutt Noriichte fir all Fleeschfrënn! 😋
Bei eis am Ale Moart kritt Dir nees frëscht Fleesch vum David L’Ortye aus dem Kiischpelt! 🥩🌿🥰 Regional, frësch a mat Léift fir gutt Produiten!

Kommt laanscht a kuckt, wat mir fir Iech do hunn! 🛒

Mir freeën eis op Iech! ❤️

🎅🥐 Klenge Rappel: Eis Boxemänner sinn do!Bei eis am Ale Moart kritt Dir nees déi lecker Boxemänner, frësch gebak an der ...
05/11/2026

🎅🥐 Klenge Rappel: Eis Boxemänner sinn do!

Bei eis am Ale Moart kritt Dir nees déi lecker Boxemänner, frësch gebak an der Gruberbäckerei vu COOPERATIONS zu Wooltz. 💛

Perfekt fir beim Kaffi, fir mat heem ze huelen oder einfach fir sech selwer eppes Guddes ze gönnen. ☕😋

Kommt laanscht a gräift Iech ären, soulaang nach der do sinn! 🎄✨

🥣🍂 Wann et dobausse méi kal gëtt, gëtt et bei eis am Ale Moart schéin waarm am Teller!Mir hunn elo verschidde Bio-Crèmes...
04/11/2026

🥣🍂 Wann et dobausse méi kal gëtt, gëtt et bei eis am Ale Moart schéin waarm am Teller!

Mir hunn elo verschidde Bio-Crèmeszoppen vun Ökoland fir Iech am Regal – séier preparéiert, lecker a perfekt fir déi kal Deeg. 💛

🌱 Ierbessen-Crèmeszopp 🥦 Brokkoli-Crèmeszopp 🥬 Choufleur-Crèmeszopp

An dat Bescht: vegan a bio. 🌿✨

Ideal fir doheem, fir d’Mëttespaus oder einfach wann et mol séier goe muss.

Kommt laanscht am Ale Moart zu Wooltz an entdeckt eis Auswiel! 🛒😊

🧀🥔 Loscht op eng lecker Raclette bei deem sabbelegen, reenerege Wieder?🌧️😋❤️🔥 Wiermt Iech d'Häerz an d'Hänn a maacht et ...
02/11/2026

🧀🥔 Loscht op eng lecker Raclette bei deem sabbelegen, reenerege Wieder?🌧️😋

❤️🔥 Wiermt Iech d'Häerz an d'Hänn a maacht et Iech doheem gemittlech!

🛒 Deckt Iech am Ale Moart mat allem an, wat Dir fir eng lecker Raclette braucht: feinste Kéis vu Bio Suisse🇨🇭🧀 a lokal Lëtzebuerger Gromperen! 🇱🇺🥔

🏡✨ Alles fir e gemittleche Raclette-Owend doheem!

💚 Mir freeën eis op Iech!

👻🧁 Eis Gruselcupcakes sinn nees do; awer nëmmen nach dës Woch 🎃🕸️Déi kleng grujeleg Leckereie goufen zu Wooltz an der Gr...
28/10/2026

👻🧁 Eis Gruselcupcakes sinn nees do; awer nëmmen nach dës Woch 🎃🕸️

Déi kleng grujeleg Leckereie goufen zu Wooltz an der Gruberbäckerei vu COOPERATIONS frësch gebak a waarden elo am Ale Moart op Iech. 🧁🦇✨

Perfekt fir e bëssen Halloween-Stëmmung bei Kaffi oder Téi – oder einfach fir sech selwer eppes Séisses ze gönnen. ☕👻

⚠️ Awer opgepasst: Et gëtt se just nach dës Woch an nëmmen esou laang de Stock et erlaabt! 🎃💀

Also: léiwer séier laanschtkommen, éier d’Geeschter se all opgefriess hunn… 👻😋🕷️

Eise Weeltzer-Boxemännchen ass rëm do! Gebak bei eis an der Gruberbäckerei, fannt dir ab elo de léifsten Männchen vu Woo...
27/10/2026

Eise Weeltzer-Boxemännchen ass rëm do! Gebak bei eis an der Gruberbäckerei, fannt dir ab elo de léifsten Männchen vu Wooltz bei eis am Geschäft bis no de Feierdeeg. 💕

🍺✨ Neie Look, selwechte gudde Simon!Am Ale Moart hu mir elo déi nei Simon Béier-Fläschen am frëschen Design fir Iech do....
26/10/2026

🍺✨ Neie Look, selwechte gudde Simon!

Am Ale Moart hu mir elo déi nei Simon Béier-Fläschen am frëschen Design fir Iech do. 💛 Brasserie Simon

A passend zur Saison ass och schonn de Simon Chrëschtbéier ukomm. 🎄🍺 Perfekt fir déi méi kal Deeg an déi éischt Chrëschtdagsstëmmung.

Nieft dem Chrëschtbéier fannt Dir bei eis natierlech och nach aner Simon-Varianten am neien Design. 🍻

E lokale Klassiker aus Wooltz elo an engem neie Look. 🇱🇺✨

Kommt laanscht an entdeckt déi nei Fläschen am Ale Moart!

Lëtzebuerg COOPERATIONS

🕷️🎃 Et gëtt spooky am Ale Moart! 👻🦇Vum 27.10. un kritt Dir bei eis eis nei Spooky Muffins – gebak vun eiser Gruberbäcker...
21/10/2026

🕷️🎃 Et gëtt spooky am Ale Moart! 👻🦇

Vum 27.10. un kritt Dir bei eis eis nei Spooky Muffins – gebak vun eiser Gruberbäckerei zu Wooltz vu COOPERATIONS. 🧁🕸️ Perfekt fir Halloween, fir ze deelen… oder einfach fir selwer e bëssen spooky ze snacken. 😈🍬 Opgepasst: och spooky Muffins hu Kalorien!

Kommt laanscht a gräift zou, éier d’Spannen et maachen. 🕷️😂

📍 Ab 27.10. am Ale Moart & och bei eisen Frënn am Kiischpelter Duerftreff!

Adresse

Grand Rue 13
Wiltz
WILTZ

Heures d'ouverture

Lundi 09:00 - 18:00
Mardi 09:00 - 18:00
Mercredi 09:00 - 18:00
Jeudi 09:00 - 18:00
Vendredi 09:00 - 18:00

Téléphone

+35295920505

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Ale Moart publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à Ale Moart:

Raccourcis

Partager

Catégorie

Magasins à proximité


Autres Boutiques à Wiltz

Tout Afficher